Young audiences

HéngerhautGeschichten

Kopla Bunz a.s.b.l.
27.11.2025 + 28.11.2025

Sorry, there’s no English version of this text.

„Fir t’éischt spiers du et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder, éier et säi Wee bis an d’Genéck fënnt, an awer ginn déng Ouere grouss op…“ An engem intime Kader lueden d’Erzielkënschtlerin Betsy Dentzer an d’Perkussionistin Louisa Marxen hire Publikum an, senger Fantasie fräie Laf ze loossen. Aus der ufänglecher Stackdäischtert eraus entstinn erzielte Welten, fir d’éischt just mat Geräischer a Kläng. Lues a lues gëtt et méi hell an d’Hänn, d’Kierperen an d‘Luuchten erziele mat. HéngerhautGeschichten entféiert d’Zuschauerinnen an d‘Zuschauer an eng geheimnisvoll Ambiance, déi an de Käpp nach laang nowierke wäert.

Information

  • Duration 40 Min.
  • Public 6-10 Joer
  • Language LU
  • Place Ariston
  • Full price 12€
  • Young persons 6€
  • Children 3€

Credits

Konzept, Texter an Erzielung Betsy Dentzer Konzept a Perkussioun Louisa Marxen Bün Betsy Dentzer, Louisa Marxen Kostümer Alexandra Lichtenberger Berodung Luuchten Krischan Kriesten Bléck vu Baussen Jean Bermes Crédit photo Bohumil Kostohryz

Production

Production Kopla Bunz a.s.b.l. Coproduction Trifolion Echternach ; Kulturhaus Niederanven ; Cube 521 Soutien Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Accessibility Menu

Font size
Zoom