Menu
Schließen
Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.
Et ass näischt méi wéi et war. Mir sinn net méi déi selwecht Mënsche wéi virdrun. Dat wäerte mer ganz kloer mierken, wann endlech all Leit hir Maske fale loossen. Et ass ee gespaant ze gesinn, wie sech als Éischten traut nees engem aneren d’Hand ze reechen. A mir wäerte ganz genee kucken, wie weiderhi seng Hänn wäscht. An Onschold. D’Fro ass elo méi wéi berechtegt. Si mer nach ze retten? Eise Bistro ass lo mol endlech nees op. D’Liewe muss jo weidergoen. Fir déi, déi et gepackt hunn. A fir déi ass e Bistro lo liewenswichteg. Fir sech auszetauschen. Mat aneren. Déi laang Zäit an der Isolatioun war net einfach ze iwwerstoen. Sou laang eleng. Naja, wann een nach eleng gewiescht wier. Mä mam Partner … an do waren och op eemol Kanner, vun deenen ee bis dohinner quasi ni eppes matkritt hat. Mir musse lo no vir kucken an dat och ëmsetzen, wat mer eis an deene schwéiere Stonne virgeholl haten. Endlech immun ze ginn.
Sechs Artisten lassen auf akrobatische Weise eine Welt entstehen, die auch einem Scorsese Blockbuster entspringen könnte. Die Musik liefern die bekannten französischen Elektro-Pop-Künstler von Chinese Man.
Auf Augenhöhe mit seinem Zeitgenossen Charlie Chaplin ist Buster Keaton zudem Akrobat und eine unvergängliche Größe der Burleske. Dieses Stück nimmt den Zuschauer mit auf eine Reise, bei der er einen spürbaren Einblick in die Welt dieses faszinierenden Künstlers erhält.
Einige Cookies sind erforderlich, damit diese Website ordnungsgemäß funktioniert. Darüber hinaus benötigen einige externe Dienste Ihre Arbeitserlaubnis.