Sorry, there’s no English version of this text.
Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisioune fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. „Firwat schaffs du näischt?” froen di aner Mais. „Ma ech schaffen dach!” seet de Frederick. Hie sammelt Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann… Hien ass e richtegen Artist!
Nom Billerbuch vum Leo Lionni Frederick, Pantheon, 1967, an der 27. Sonat a Sol majeur fir Gei a Piano vum W.A. Mozart (K379), mat Extraiten vun zwee Gedichter vum Michel Lentz (Fréijoer aus Hiérschtblumen an E Päiperlek aus Wantergréng) Konzept, Inzenéierung an Objeten Francis Schmit Musikalesch Adaptatioun an Direktioun Franz Leander Klee Luucht Romain Stammet Kostümer a Konfektioun Mais Peggy Wurth Spezialeffekter (Schnéi) Céline a Rüdiger Leuchter Bléck vu baussen Agnès Limbos Berodung Agnès Limbos (Objeten), Mani Muller (Dramaturgie) Regieassistenz Mahlia Theismann Mat Franz Leander Klee (Piano), Ann Majerus (Gei), Renelde Pierlot (Schauspill) Crédit photo Emile Hengen