Jeunes Publics

Frederick

Fräi nom Billerbuch vum Leo Lionni an der 27. Sonat vum Mozart

Leo Lionni Francis Schmit
14.04.2026 > 19.04.2026

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisioune fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. „Firwat schaffs du näischt?” froen di aner Mais. „Ma ech schaffen dach!” seet de Frederick. Hie sammelt Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann… Hien ass e richtegen Artist!

Informations

  • Durée 40 Min.
  • Public 3-6 Joer
  • Langue LU
  • Lieu Theater
  • Plein tarif 12€
  • Jeunes 6€
  • Enfants 3€

Distribution

Nom Billerbuch vum Leo Lionni Frederick, Pantheon, 1967, an der 27. Sonat a Sol majeur fir Gei a Piano vum W.A. Mozart (K379), mat Extraiten vun zwee Gedichter vum Michel Lentz (Fréijoer aus Hiérschtblumen an E Päiperlek aus Wantergréng) Konzept, Inzenéierung an Objeten Francis Schmit Musikalesch Adaptatioun an Direktioun Franz Leander Klee Luucht Romain Stammet Kostümer a Konfektioun Mais Peggy Wurth Spezialeffekter (Schnéi) Céline a Rüdiger Leuchter Bléck vu baussen Agnès Limbos Berodung Agnès Limbos (Objeten), Mani Muller (Dramaturgie) Regieassistenz Mahlia Theismann Mat Franz Leander Klee (Piano), Ann Majerus (Gei), Renelde Pierlot (Schauspill) Crédit photo Emile Hengen

Production

Production déléguée Escher Theater Coproduction La Compagnie du Grand Boube ; Escher Theater ; CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck

Dans la presse

Radio 100.7

“(…) mech huet beréiert, wéi déi klassesch Musek dat Stéck beräichert an d’Kanner och paakt (…) dat war visuell Poesie! (…) „Frederick“ huet mer alt nees gewisen, wéi schéin et dach ass, mat Emotiounen ze spillen, Sënner ze stimuléieren, an ze weise wat Gefiller sinn (…) an dofir muss een esou Momenter onbedéngt genéissen.”

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom