Menu
Close
Sorry, there is no English version of this text.
Spatz ass d’Zong, féx de Mond: Politesche Cabaret gëscht an haut
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un. Tëscht Hierscht 2026 a Summer 2027 gëtt u fënnef Owender gestridden a geschnësst, gesongen a gelaacht.
An den 1980er Joren – der Héichzäit vum politeschem Cabaret hei am Land – gouf et eng jett Truppen, déi uechtert d’Land gezu sinn. D’Caféeën an Theaterkellere waren hir Bünen. Mir schwätze doriwwer, wéi eng Roll a Plaz de Cabaret deemools effektiv ageholl huet. Aus engem Archiv gëtt et déi eng oder aner Decouverte aus der Geschicht vum Cabaret. An ier zwee Cabarettisten op en Neits hire satiresche Geescht op d’Bün bréngen, kann och de Public sech ausprobéieren.
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un.
Some cookies are required for this website to function properly. Additionally, some external services require your permission to work.