Mit euch

Esch by Night – Vun der Long op… d’Bün

23.01.2027

Dieser Text existiert auf Deutsch leider nicht.

Spatz ass d’Zong, féx de Mond: Politesche Cabaret gëscht an haut

Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un. Tëscht Hierscht 2026 a Summer 2027 gëtt u fënnef Owender gestridden a geschnësst, gesongen a gelaacht.

An den 1980er Joren – der Héichzäit vum politeschem Cabaret hei am Land – gouf et eng jett Truppen, déi uechtert d’Land gezu sinn. D’Caféeën an Theaterkellere waren hir Bünen. Mam Josée Klinker a Rol Gehlhausen schwätze mir doriwwer, wéi eng Roll a Plaz de Cabaret deemools effektiv ageholl huet. Aus dem Archiv vum Centre national de littérature gëtt et déi eng oder aner Decouverte aus der Geschicht vum Cabaret. An ier de Mars Klein a Rol Gelhausen op en Neits hire satiresche Geescht op d’Bün bréngen, kann och de Public sech ausprobéieren.

Informationen

  • Dauer vun 17 Auer un
  • Sprache LU
  • Ort La Souffleuse – Le bistrot du Escher Theater
  • Eintritt frei

Besetzung

Crédit photo AKG Images

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
Zoomen