Mit euch

Esch by Night – Op den Tour

19.06.2027

Dieser Text existiert leider nicht auf Deutsch.

Spatz ass d’Zong, féx de Mond: Politesche Cabaret gëscht an haut

Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un. Tëscht Hierscht 2026 a Summer 2027 gëtt u fënnef Owender gestridden a geschnësst, gesongen a gelaacht.

Dësen leschten Event hëlt Iech mat op eng Entdeckungsrees duerch d’Geschicht vum Kabarett zu Esch. Am Joer 1987 huet den Escher Theater säi 25. JoerJubiläum mat engem Kabarett-Parcours am Zick-zack duerch d’Stad gefeiert. Mir gräifen dësen Parcours erëm op: Zesummen entdecken mir Plazen an Texter, mate puer  Iwwerraschungen um Wee. De Parcours schléisst am Café Ratelach an der Kulturfabrik (Kufa) of. Do feiere mir dësen Ofschloss a gi bei engem oppenen Austausch der Fro no, wéi eng Roll de politesche Kabarett haut an an Zukunft zu Lëtzebuerg spillt.

Informationen

  • Dauer vun 17 Auer un
  • Sprache LU
  • Ort Ratelach (Kulturfabrik)
  • Eintritt frei

Besetzung

Crédit photo Kulturfabrik - Archiv

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
Zoomen