Mit euch

Esch by Night – Wann d’Musik déck téint

29.05.2027

Dieser Text existiert leider nicht auf Deutsch.

Spatz ass d’Zong, féx de Mond: Politesche Cabaret gëscht an haut

Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un. Tëscht Hierscht 2026 a Summer 2027 gëtt u fënnef Owender gestridden a geschnësst, gesongen a gelaacht.

Wann s du et net soe kanns, da sang et! Dës Tournure gëllt och a besonnesch fir de Cabaret. Melodie, Rhythmus, Reim – domadder geet eng politesch Kritik direkt ënnert d’Haut a méi liicht an d’Ouer. Wat war dat fir e Wee, ewech vum Nationallidd wéi De Feierwôn vum Michel Lentz hin zum politesche Lidd, dat d’1970er an 80er Joer gepräägt huet? No der Diskussioun muss natierlech gesonge ginn, an zesumme mat dem Georges Urwald, Nicool a Luc Spada kann och de Public sech musikalesch abréngen.

Informationen

  • Dauer vun 17 Auer un
  • Sprache LU
  • Ort Brasserie Rex (Place de la Résistance/Place du Brill, Esch-sur-Alzette)
  • Eintritt frei

Besetzung

Crédit photo Roby Raus - Privatarchiv

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
Zoomen