Menu
Close
Sorry, there is no English version of this text.
Spatz ass d’Zong, féx de Mond: Politesche Cabaret gëscht an haut
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un. Tëscht Hierscht 2026 a Summer 2027 gëtt u fënnef Owender gestridden a geschnësst, gesongen a gelaacht.
Schwätzen, schmunzen, streiden: Wéi geet dat zesummen? Ëmmer nees sicht de politesche Cabaret d’Balance tëscht dem Gag an engem eeschten Uleies. Wéi populär huet eng Revue an der gëllener Zäit vum Cabaret kënne sinn, ier pertinenten Humor a blousse Klamauk ëmgeschloen ass? E Vertrieder vu Richtung22 schwätzt mat Jhemp Schuster a Christiane Kremer doriwwer, wéini et ze vill ass mam Laachen – an ze wéineg mat der Kritik. Den Owend gëtt ofgeschloss mat engem Optrëtt vum Christiane Kremer an senger Troup, a wéi ëmmer kann de Public virdru bei enger Aktivitéit matmaachen
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un.
Some cookies are required for this website to function properly. Additionally, some external services require your permission to work.