Menu
Fermer
Désolé, ce texte n’existe pas en français.
Spatz ass d’Zong, féx de Mond: Politesche Cabaret gëscht an haut
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un. Tëscht Hierscht 2026 a Summer 2027 gëtt u fënnef Owender gestridden a geschnësst, gesongen a gelaacht.
Schwätzen, schmunzen, streiden: Wéi geet dat zesummen? Ëmmer nees sicht de politesche Cabaret d’Balance tëscht dem Gag an engem eeschten Uleies. Wéi populär huet eng Revue an der gëllener Zäit vum Cabaret kënne sinn, ier pertinenten Humor a blousse Klamauk ëmgeschloen ass? An enger Diskussioun mam Jemp Schuster, Claude Frisoni an engmen Vertrieder vu Richtung 22 gëtt doriwwer geschwat, wéini et ze vill ass mam Laachen – an ze wéineg mat der Kritik. Den Owend gëtt ofgeschloss mat engem Optrëtt vun enger Cabaret-Troup mam Christiane Kremer, a wéi ëmmer kann de Public virdru bei enger Aktivitéit matmaachen.
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un.
Certains cookies sont nécessaires au fonctionnement de ce site. En outre, certains services externes nécessitent votre autorisation pour fonctionner.