Menu
Fermer
Ce texte n’existe pas en français.
Spatz ass d’Zong, féx de Mond: Politesche Cabaret gëscht an haut
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un. Tëscht Hierscht 2026 a Summer 2027 gëtt u fënnef Owender gestridden a geschnësst, gesongen a gelaacht.
D’1970er Joren zu Lëtzebuerg si konservativ a rigid. Ma de Wand dréit sech, an et sinn ënner anerem d’Kabarettisten, déi de Status Quo a Fro stellen. Iwwer déi Stëmmung a Visioune schwätzen d’Zäitzeie Mars Klein a Jhemp Hoscheit, déi an deene Jore mat kriteschem Cabaret op sech opmierksam maachen. Un dësem Owend spaant sech de Bou awer bis an eis Zäit, bis zu Richtung22. Hautdesdaags stellt nämlech dëst jonkt Kollektiv ënner Beweis, wat et heescht, Konscht a politesch Kritik zesummenzebréngen.
Certains cookies sont nécessaires au fonctionnement de ce site. En outre, certains services externes nécessitent votre autorisation pour fonctionner.