Menu
Close
Eng zeenesch Liesung
Sorry, there’s no English version of this text.
Ouni d’Léift geet et net. Dat ass d’Gesetz, dat d’Summergesellschaft am Anton Tchekhov sengem weltbekannte Stéck D’Méiw eigentlech undreift. An awer begéine sech d’Leit, déi sech un engem Séi treffen an tëscht Latz an Intensitéit feststiechen, net wierklech – ze ënnerschiddlech sinn hir Wënsch, ze grouss d’Generatiounskonflikter, ze inkompatibel all déi Iddien, wéi da lo en déift, e richtegt Liewe gelénge kéint. Den onbännege Konstantin huet e revolutionäert Theaterstéck matbruecht, dat hie mat senger grousser Léift Nina virbereet. Seng Mamm an där hiren Amant – en erfollegräichen Auteur – hunn awer ganz aner Virstellunge vu Gléck a Loscht, vu Kampf a Kompromëss wéi déi jonk Koppel. Fir d’éischte Kéier iwwerhaapt ass de Klassiker vum Tchekhov an engem moderne Lëtzebuergesch z’entdecken, dëst an enger zeenescher Liesung vu véier Schauspiller:innen, déi de séieren a mënschlechen Text an den Zentrum stellen.
Some cookies are required for this website to function properly. Additionally, some external services require your permission to work.