No méi wéi engem Joer Corona wëllen De Kapitän Mullebutz a seng Matrousen nees Gas ginn. Si hu schlëmm no de klengen a grousse Pirate verlaangert a si lo net méi ze bremsen, fir zesummen eng grouss Party ze feieren.
Danzen, Sangen, Sprangen… a gutt Laun stinn um Programm! Och d’Madame Li ass nees derbäi a freet sech, dass d’Matrouseband an de ganze Publikum a Form kënnt. Den zweeten Deel vun der erfollegräicher Iddi, flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock- a Popsongs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze sangen, ass no deem laange Lockdown nees zeréck op Tournée. De Kapitän an de Steiermann hunn Toplidder, souwéi deen een oder aneren neie Song an de Programm geholl. Et versprécht e grousse Spaass ze ginn. Kommt, sangt an danzt mat eis!
20 Joer MAKADAMMEN! Wow! Dat muss gefeiert ginn!
Mir maachen ee Konveniat an do luede mir all eis “Avataren” vun deene leschte Joren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren.
Einfach aus der Haut fueren
Fir een Aneren ze ginn
Mir fillen eis wéi neigebueren
Wa mir op der Bün stinn
Aus dem Jeckill gëtt d’Miss Hyde
Aus dem Beauty gëtt e Beast
Aus dem Bonny gëtt e Clyde
A last but not least
Gëtt aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen
Aus douce Fraen, Femmes fatalen
Wa mir op d’Bün eropklammen
Gi mir: (d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa)
D’Makadammen
Un spectacle musical tout en poésie et douceur. L’hiver rugueux approche. La ferme est abandonnée et la grange et le grenier sont vides… Tous les mulots font inlassablement provision de maïs et de noisettes. Tous ? Non ! L’irréductible Frederick ne se joint pas à la ribambelle de ces petites mains ouvrières. Au lieu de se démener à de rudes tâches, il sommeille et rêve… Car pendant les longues soirées d’hiver, Frederick sait que les mulots auront soif de chaleur et de belles histoires. Il fait donc provision de soleil, de couleurs et de mots. Il est un poète, un magicien du bonheur.
L’Harmonie Municipale d’Esch, plus ancienne société de musique du Sud du Luxembourg, a été fondée il y a tout juste 150 ans, le 26 mars 1871. La présentation rétrospective de son histoire sera agrémentée de témoignages de personnalités locales et nationales, ainsi que d’un accompagnement musical de l’Orchestre d’Harmonie du Conservatoire de la Ville d’Esch. L’ensemble prendra une forme moderne et amusante ! La séance académique sera l’occasion de dévoiler le nouveau drapeau de l’Harmonie Municipale d’Esch, conçu par l’artiste eschois Nicolas Goetzinger.
Sous le Haut Patronage de Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse
Et ass näischt méi wéi et war. Mir sinn net méi déi selwecht Mënsche wéi virdrun. Dat wäerte mer ganz kloer mierken, wann endlech all Leit hir Maske fale loossen. Et ass ee gespaant ze gesinn, wie sech als Éischten traut nees engem aneren d’Hand ze reechen. A mir wäerte ganz genee kucken, wie weiderhi seng Hänn wäscht. An Onschold. D’Fro ass elo méi wéi berechtegt. Si mer nach ze retten?
Eise Bistro ass lo mol endlech nees op. D’Liewe muss jo weidergoen. Fir déi, déi et gepackt hunn. A fir déi ass e Bistro lo liewenswichteg. Fir sech auszetauschen. Mat aneren. Déi laang Zäit an der Isolatioun war net einfach ze iwwerstoen. Sou laang eleng. Naja, wann een nach eleng gewiescht wier. Mä mam Partner … an do waren och op eemol Kanner, vun deenen ee bis dohinner quasi ni eppes matkritt hat. Mir musse lo no vir kucken an dat och ëmsetzen, wat mer eis an deene schwéiere Stonne virgeholl haten. Endlech immun ze ginn.
In connection with the show tock tock, choreographer Annick Pütz is giving a workshop for parents and children during which they are given playful guidance on how to start moving purposefully, engaging with rhythm and dance, on Saturday 6 march (10:00 a.m to 12:00 a.m.).
En Hommage un de Lëtzebuerger Auteur Pir Kremer. Mat senge Stamminee- a Revue Texter, Lidder a Gedichter gëtt e Stéck Lëtzebuerger populär Ënnerhalungsgeschicht ausgegruewen, analyséiert an aus dem Bléck vun haut verständlech gemaach. D’Equipe ronderëm de Regisseur Claude Mangen zeechent e Gesellschaftsportrait duerch de Mond vum Satiriker! De Spektakel sicht mat gesonder Distanz de Sound vun de 60er a 70er Joren artistesch a musikalesch anzefänken. FC Schinnegebeess oder Ran an de Goal, Dem Tobby Säin Hobby an den Hunn Op Der Bunn, all dës beléifte Lidder verziele vun engem Liewensgefill, vun där neier Fräizäit an deene ville Veräiner, déi deemools entstane sinn. Bei äis doheem an der Familljen, Ech Sin Up-To-Date oder Ech brauch kee Mann besangen dat neit Fraebild a verspotten deem Léiwe Männchen seng Naupen. Am Lidd Et Ass Eriwwer verzielt de Pir Kremer, wéi 1967 de Militärdéngscht ofgeschaaft gouf a mat der Ballade De Massaker op der neier Bréck hëlt hien d’Verkéiers Situatioun beim Pole Nord op d’Schëpp.
20 Joer Makadammen! Wow! Dat muss gefeiert ginn! Mir maachen ee Konveniat an do luede mir all eis “Avataren” vun deene leschte Joren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren.
Einfach aus der Haut fueren Fir een Aneren ze ginn Mir fillen eis wéi neigebueren Wa mir op der Bün stinn Aus dem Jeckyll gëtt d’Miss Hyde Aus dem Beauty gëtt e Beast Aus dem Bonny gëtt e Clyde A last but not least Gëtt aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen Aus douce Fraen, Femmes fatalen Wa mir op d’Bün eropklammen Gi mir: (d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa) D’Makadammen
Et ass näischt méi wéi et war. Mir sinn net méi déi selwecht Mënsche wéi virdrun. Dat wäerte mer ganz kloer mierken, wann endlech all Leit hir Maske fale loossen. Et ass ee gespaant ze gesinn, wie sech als Éischten traut nees engem aneren d’Hand ze reechen. A mir wäerte ganz genee kucken, wie weiderhi seng Hänn wäscht. An Onschold. D’Fro ass elo méi wéi berechtegt. Si mer nach ze retten?
Eise Bistro ass lo mol endlech nees op. D’Liewe muss jo weidergoen. Fir déi, déi et gepackt hunn. A fir déi ass e Bistro lo liewenswichteg. Fir sech auszetauschen. Mat aneren. Déi laang Zäit an der Isolatioun war net einfach ze iwwerstoen. Sou laang eleng. Naja, wann een nach eleng gewiescht wier. Mä mam Partner … an do waren och op eemol Kanner, vun deenen ee bis dohinner quasi ni eppes matkritt hat. Mir musse lo no vir kucken an dat och ëmsetzen, wat mer eis an deene schwéiere Stonne virgeholl haten. Endlech immun ze ginn.
Weider Virstellung am Escher Theater den 4. a den 5. Mai.
Sign up for our newsletter
Accessibility Menu
Font size
100 %
Zoom
100%
Some cookies are required for this website to function properly. Additionally, some external services require your permission to work.