Menu
Close
4 June 2025 | Lawrence.Rollier |
Sorry, there’s no English version of this text.
Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisioune fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. „Firwat schaffs du näischt?” froen di aner Mais. „Ma ech schaffen dach!” seet de Frederick. Hie sammelt Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann… Hien ass e richtegen Artist!
En Dezember ouni Kleeschen? Dat ass wéi e Chrëschtbam ouni Kugelen. Onméiglech! Och dëst Joer fënnt de Kleesche säi Wee nees op d’Büne vu Lëtzebuerg, fir de Kanner um Enn vum Joer eng ganz besonnesch Erënnerung matzeginn. D’Kanner kucken an eng gemittlech Stuff eran – a fannen eraus, datt um Niklosdag sou munches schif goe kann. Dat geschitt eben, wann e virwëtzegt Kand sech ze fréi erofschläicht, fir erauszefannen, wat de Kleeschen do ënne sou stiicht. Wat wënscht sech e Kand hautdesdaags? Versteet den ale Kleeschen dat iwwerhaapt nach? A wéi parkt een am beschte säi Schlitt? Et gëtt vill Froen, vill Musek, vill Quatsch a vill Geschichten, un deene sech d’Kanner an der däischterer Joreszäit wierme wäerten, gedroe vum Geschichtenerzieler Roger Seimetz an de Museker Fränz Hausemer a Benoit Martiny.
6 June 2024 | Lawrence.Rollier |
D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren. Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.
P’tits brunch du théâtre : on sunday, after or before the performance, have brunch with your kids and take part in a family workshop.
Performance at 11:00 or 15:00Brunch 12:00 (to book via : reservation.theatre@villeesch.lu)Parent-child workshop 13:00-14:30
Ah, the first day of school! The long hours spent far from home, shyness when meeting classmates, and the reassuring creases of mummy’s dress. To narrate this unusual day, the costumes of our two actors-puppeteers unfold before our eyes, as if by magic. A shoe becomes a bathtub full of bubbles, an inside out jacket becomes a kitchen where you can have breakfast and an arm becomes a road you can drive away on. Funny and inventive, the story of this first day at school turns out to be extraordinary and reassuring for the whole family.
When the night comes, you dream with your eyelids closed… and sometimes even opened! Isn’t it a multicolored rug dancing here? And over there, isn’t it a little thingamabob discreetly floating on stage? What’s sneaking up further away, shy, mysterious, funny and lively? With fabulous visual and sound concepts, the Florschütz & Döhnert company plays with the imagination of young people and adults. A piece of cloth is sometimes enough to reveal fascinating worlds. Worlds between dream and reality in which absurd and surprising beings, yearning for freedom, are endowed with lives of their own that have been unsuspected until now.
Performance at 11:00 or 15:00Brunch 12:00 (to book via reservation.theatre@villeesch.lu)Parent-child workshop 13:00-14:30
8 June 2023 | Lawrence.Rollier |
Et geet lass am Atelier! Op der Bün stëmmt eng Musekerin hire Xylophon, wärend eng Erzielerin hir Stëmm preparéiert an ee Moler seng Faarwe mécht. Zesumme wäerten déi dräi Kënschtler:innen, déi aus Japan, Frankräich an Italien kommen, eng wëll Poesie an d’Liewe vum jonke Public bréngen. Dobäi gëtt et just eng Reegel: D’Inspiratioun an d’Kreativitéit, dat sinn Aventuren, déi een am beschten zesumme meeschtert, ganz egal, wéi eng Sprooch ee schwätzt. Sou entsteet bei dësem spillereschen Trio ee Fuebelwiesen aus Nouten, Geschichten a Faarwen, d’Spigelbild vun enger Imaginatioun, déi keng Grenze kennt.
Ah, white rabbits! Your just need a hat or a pocket, to see them appear, just by magic. They’re like that, they can’t help it… When you grab one, or rather, when the mischievous animal puts his tender little pawn on us, what should we do? Letting him narrate to us his secret and poetic stories, naturally. With a few handkerchiefs, guitar notes and other knickknacks wielded with a lot of dexterity, duo Florschütz & Döhnert appeals to the imagination of the young and less young audience members. The infinitesimal becomes grandiose, the ordinary becomes unique and the scene becomes a cosmos where everything, absolutely everything, becomes possible.
Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran. Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net? Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wieder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren? Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen!
Dancer and choreographer Annick Pütz takes the audience on a journey to discover all the senses. On a playfully designed stage, she discovers the materiality of the objects around her and establishes a sensitive relationship with them. The music adapts to her movements and reflects them. Slowly, an enchanted world of sensuality comes into existence.
8 June 2022 | Lawrence.Rollier |
Et muss awer eng richteg Prinzessin sinn! Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden. Et huet awer eng richteg misse sinn. De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen. Mee ëmmer war eppes verkéiert… D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren. Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.
Some cookies are required for this website to function properly. Additionally, some external services require your permission to work.