Être fantastique
Et geet lass am Atelier! Op der Bün stëmmt eng Musekerin hire Xylophon, wärend eng Erzielerin hir Stëmm preparéiert an ee Moler seng Faarwe mécht. Zesumme wäerten déi dräi Kënschtler:innen, déi aus Japan, Frankräich an Italien kommen, eng wëll Poesie an d’Liewe vum jonke Public bréngen. Dobäi gëtt et just eng Reegel: D’Inspiratioun an d’Kreativitéit, dat sinn Aventuren, déi een am beschten zesumme meeschtert, ganz egal, wéi eng Sprooch ee schwätzt. Sou entsteet bei dësem spillereschen Trio ee Fuebelwiesen aus Nouten, Geschichten a Faarwen, d’Spigelbild vun enger Imaginatioun, déi keng Grenze kennt.
Vorstellungstermine
Informationen
- Dauer 40 Min.
- Publikum 4-7 Jahre
- Sprache mat klengen Texter op Franséisch a Lëtzebuergesch, déi een net all muss verstoen, fir dat Ganzt ze appreciéieren.
- Ort Ariston
- Vollzahler 12 €
- Jugendliche 6 €
- Kinder 3 €