A Menina do Mar ass dat éischt Kannerbuch, dat déi bekannt portugisesch Schrëftstellerin Sophia de Mello Breyner Andresen 1958 geschriwwen huet. Dëst Märchen erzielt vun enger aussergewéinlecher Frëndschaft tëscht engem Jong, deen um Land wunnt, an engem Meedchen, dat am Mier lieft. De Virwëtz vun deenen zwee Kanner erméiglecht et hinnen, trotz hirer Verschiddenheet, deem aneren seng Welt kennen an acceptéieren ze léieren. D’Meedche léiert wat et heescht, eppes ze begieren, a wat Frëndschaft a Freed ass; de Jong ass averstanen, seng Welt opzeginn a mam Meedchen um Mieresbuedem ze liewen.
P’tit brunch du théâtre : am Sonntagmittag wird Ihnen ein Brunch für die ganze Familie sowie ein spielerischer Workshop für Kinder angeboten.
An hirem éischte Solo-Programm fir d’Bün léisst d’Laure Schreiner d’Magie vum Kannerbuch Alice’s Adventures in Wonderland vum Lewis Carroll verschmëlze mat engem Bléck op eis sozial a politesch Géigewaart. „Theater ass fir mech Ënnerhalung“, seet si, „de Public soll laachen, awer och fir een Ament a sech goen.“ Mol satiresch, mol humoristesch kritt een op déi Manéier een Androck vum Verwonnerland Lëtzebuerg. Am Zentrum steet d’Situatioun vun de Jonken, ënner anerem hir Onsécherheet vis-à-vis vum Immobiliemarché an der Beruffswal. Och d’Ufuerderungen, déi un eng modern Fra gestallt ginn, ginn opgegraff. D’One-Woman-Show, fir déi de Jemp Schuster d’Mise en scène iwwerholl huet, bestécht duerch hire literareschen Toun, hir kritesch Haltung an hire séiere Witz.
Après plusieurs spectacles et créations qui ont rencontré un véritable succès, PATE est de retour avec un nouveau spectacle TRANSITION. Un spectacle pensé pour notre époque, mêlant théâtre, danse, musique, chant et poésie. Un projet artistique qui explore les mutations de notre société la place de l’humain, le choc des générations, l’intelligence artificielle, les émotions programmées et les libertés contrôlées. Tout au long de l’année, les jeunes artistes ont exploré les arts de la scène pour interroger ce monde en pleine transition. Résultat : un spectacle fort, drôle, touchant, dérangeant parfois, mais surtout profondément vivant. Un miroir scénique de notre époque.
Permettre aux jeunes de découvrir le spectacle vivant par la pratique artistique, telle est la raison d’être de PATE. Mis en scène par Saïf Eddine Settif et encadré par l’éducatrice Cindy Rodrigues, ce projet éducatif et participatif prend la forme d’un atelier hebdomadaire au cours duquel les participant·es se familiarisent avec les arts de la scène. Ils et elles explorent les domaines de la danse, du chant, de la musique, de la comédie, des arts du cirque ou des arts graphiques et plastiques. Au fil de l’année, ce groupe approfondit les techniques du théâtre, de l’écriture à l’improvisation, pour créer un véritable spectacle joué en fin d’année scolaire au Escher Theater.
Ech si vun hei, du vun anzwousch anescht. Wat fänke Kanner mat dëse Sätz un? Exil, Flüchtling oder Krich – grouss Wierder, déi een de Klengste vun der Gesellschaft bäibrénge muss. Dat ass d’Zil vun Ech sinn Tiger, engem Spektakel, dat Akrobatie, Danz a Molerei verbënnt. Den Hichem kënnt vu wäit ewech, fir endlech a Fridden ze liewen. Am Schoulhaff spillt hie mat dem Marie. Si probéieren een deen aneren ze verstoen. Zwee Kënschtler:innen erzielen dës Renconter, déi d’Choreografin Florence Bernad zesummegestallt huet, op eng duuss a poetesch Manéier. Eng Geschicht iwwer Toleranz a Virwëtz fir Kanner, déi hinnen op Aenhéicht begéint.
Vun der Long op d’Zong – an direkt op d’Bün! D’Joer 2024 wäert héchstwarscheinlech nees all Rekorder briechen – a Bezuch op d’Hëtzt an d‘Dréchent, op Stauen, Streidereien an all d’Krisen, déi eis am Klenge wéi am Grousse wäerten heemsichen. Dat ass op jidder Fall den Ausgangspunkt fir de Kabarettist Roll Gelhausen a seng spatz Fieder. Hien huet den Ensemble Cabarenert gegrënnt an als Auteur ë. a. un de Programmer fir d‘Lëtzebuerger Revue an D’Makadammen matgeschriwwen.
No zwielef Méint wäert de Roll Gelhausen zeréckblécken op d’Evenementer, déi d’Lëtzebuerger Gesellschaft gepräägt, iwwerrascht, geiergert a gutt duerchgerëselt hunn. D’onendlech Geschicht ronderëm d’Heescheverbuert gehéiert genee sou dozou wéi aner politesch Aventuren a Mesaventuren vun der neier Regierung.
Haben Sie ihre Kleidung zu sehr strapaziert? In diesem Workshop kann ihr kreativer Kopf sich damit auseinandersetzen, ihre getragenen Kleider (um)zugestalten und die emotionale Bindung zu einer Jeans oder einer alten Socke, die Sie sich nicht mehr aus dem Schrank zu holen trauten, wiederherzustellen. Bringen Sie ihre Klamotten zu unserer Kostümbildnerin Peggy Wurth, die Stoffe zur Verfügung stellt und die richtigen Handgriffe zeigt, um zu stopfen, zu flicken, einen Riss zu nähen, einen Knopf anzunähen, zu säumen. Unsere Künstlerin wird Ratschläge erteilen und Techniken mit auf den Weg geben, um Kleidung nachhaltiger zu machen, und das immer auf kreative Weise!
Der Workshop findet am 12.02. von 10 bis 13 Uhr und/oder von 14 bis 17 Uhr im Ariston statt.
Sie können an beiden Workshops teilnehmen, um doppelt so viel Spaß beim Reparieren Ihrer Klamotten zu haben! Zwischen 13 und 14 Uhr gibt es eine kleine Mittagspause mit Sandwiches (auf Kosten des Hauses) :-).
Issu·es des Conservatoires des villes de Luxembourg, d’Esch-sur-Alzette et du Nord, les meilleur·es lauréat·es de l’examen national pour l’obtention du diplôme supérieur (année 2022/2023) sont placé·es sous le feu des projecteurs. Le public découvrira leurs talent et travail, avec le concours de la Musique Militaire Grand-Ducale.
Les solistes du gala des lauréats sont Katarzyna Kawinska au chant (Conservatoire de la Ville de Luxembourg), Tracey Lamberty-Wohles à la trompette (Conservatoire de la Ville de Luxembourg) Nicolas Leydenbach au piano (Conservatoire de la Ville de Luxembourg) Catherine Origer à la flûte piccolo (Conservatoire de musique de la Ville d’Esch-sur-Alzette) et Raphaël Clement à la contrebasse (Conservatoire du Nord).
La Musique Militaire Grand-Ducale est placée sous la direction de son chef de la musique, le lieutenant-colonel Jean-Claude Braun.
DE Unternehmen Sie gemeinsam mit der Sängerin Stephany Ortega eine musikalische Reise in die Welt der portugiesischen Volkslieder. Dieser Workshop richtet sich an alle, die neugierig sind und ihre Stimmbänder zum Schwingen bringen und/oder ihr Repertoire erweitern möchten.
Sie brauchen keine Portugiesischkenntnisse. Im Anschluss an den Workshop findet ein Brunch (im Ticketpreis inbegriffen) in der Bar des Ariston statt, bei dem portugiesische Spezialitäten serviert werden.
PT Na companhia da cantora Stephany Ortega, participe numa viagem musical através das canções populares portuguesas. Este workshop destina-se a todos os curiosos e desejosos de fazer vibrar as suas cordas vocais e/ou completar o seu repertório. O workshop será seguido de um brunch (incluído no preço do bilhete) no bar Ariston com especialidades portuguesas.
Et geet lass am Atelier! Op der Bün stëmmt eng Musekerin hire Xylophon, wärend eng Erzielerin hir Stëmm preparéiert an ee Moler seng Faarwe mécht. Zesumme wäerten déi dräi Kënschtler:innen, déi aus Japan, Frankräich an Italien kommen, eng wëll Poesie an d’Liewe vum jonke Public bréngen. Dobäi gëtt et just eng Reegel: D’Inspiratioun an d’Kreativitéit, dat sinn Aventuren, déi een am beschten zesumme meeschtert, ganz egal, wéi eng Sprooch ee schwätzt. Sou entsteet bei dësem spillereschen Trio ee Fuebelwiesen aus Nouten, Geschichten a Faarwen, d’Spigelbild vun enger Imaginatioun, déi keng Grenze kennt.
“Weess du, wéi dat gëtt?” Ronderëm e Buer stinn dräi Fraen a flechte Seeler. Et si mystesch Gestalten, Schicksalsgëttinnen, och „Nornen“ genannt. Et ass net Är Schold, wann Dir nach ni vun hinnen héieren hutt. Ze laang goufe si am Schiet vun méi lukrativen nordeschmythologesch-marveleske Personnage wéi Thor, Odin a Loki vergiess.
Héchsten Zäit, datt och hir epesch Geschicht erzielt gëtt. D’Geschicht vun hirem Asaz fir d’Gläichgewiicht vum Universum, vun hirem Kampf géint d’Muechte vum Chaos, d’Geschicht dovunner, wéi si d’Geschicht vun alle Geschichten erfanne mussen, fir d’Gëtter an déi Stierflech an hirem Bann ze halen. Nornen ass eng dynamesch Stéckentwécklung, bei där d’Regie wärend de Prouwen zesumme mat de Schauspillerinnen doriwwer nodenkt, wat dat heescht: Geschichten erfannen a verzielt kréien. Si si tatsächlech de Koll, deen d’Gesellschaft zesummenhält? A wat hu si eis haut nach ze soen, déi al Geschichten, déi un dësem Owend eng nei Gestalt wäete kréien?
No der Virstellung den 20. Abrëll invitéiere mir Iech op e Nogespréich mat de Kënschtler am Ariston’s Bar.
Newsletter abonnieren
Barrierefreiheitsfunktionen
Schriftgröße
100 %
Zoomen
100%
Einige Cookies sind erforderlich, damit diese Website ordnungsgemäß funktioniert. Darüber hinaus benötigen einige externe Dienste Ihre Arbeitserlaubnis.