Théâtre

Geschichten aus enger Klass

Klassenzëmmerstéck

Escher Theater
01.10.2023 > 31.05.2024

Désolé, ce texte n’existe pas en français. 

De Schüler B – gespillt vum Konstantin Rommelfangen – kënnt aus enger wuelsituéierter Famill. D’Schülerin A – vum Julie Kieffer duergestallt – wiisst an engem sozial schwaachen Ëmfeld op. Si léiere sech an der Schoul kennen a gi lues a lues Frënn. D’Theaterstéck, wat bei Iech am Klassesall opgefouert gëtt, beschreift dräi konkret Situatiounen, wou déi Frëndschaft op d’Prouf gestallt gëtt. D’Schauspiller bannen d’Schüler op eng direkt a witzeg Manéier mat an, an esou kënnen d‘Kanner dann och riichteraus hir eege Meenung ausdrécken.

Infoen an Umeldung: scolaires.theatre@villeesch.lu

Informations

  • Durée 40 Min. + 10 Min. Nogespréich
  • Public Cycles 3 + 4.1
  • Langue LU
  • Lieu am Klassesall

Distribution

Inzenéierung Nickel Bösenberg Text Mandy Thiery Kostümer Carine Ceglarski Spill Julie Kieffer a Konstantin Rommelfangen.

Production

Produktioun Escher Theater

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom