Theatre

Escher Meedchen

Mandy Thiery Rafael Kohn
14.12.2023 > 17.12.2023

Sorry, there’s no English version of this text.

“D’Mamm huet dat eenzegt Richtegt gemaach: Se huet eis Paus bäibruecht. Dat, wat se selwer am beschte konnt. Ier ee mat de Wierder hantéiert, muss een d’Paus beherrschen. De Silence.”
Wat awer geschitt, wann d‘Paus ze grouss gëtt? Wann de Silence net méi auszehalen ass? Wa Wierder ufänken, an engem ze jäizen? D’Mona huet vu klengem u geléiert, dass Wierder wéidoe kënnen an et besser ass, de Mond ze halen. Aus Angscht aner Leit ze verletzen, entscheet et sech dozou, seng Paus ëmmer weider an d’Längt, an d’Déift ze zéien – andeems et Fëllwierder benotzt, andeems et laacht, sech Zigaretten ufänkt an Alkohol drénkt. Ee Liewen an der Paus, eng Paus am Liewen: No an no riskéiert d’Mona vu baussen erdréckt ze ginn, wärend vu bannen all déi onausgeschwate Wierder Drock opbauen. Lo muss d’Mona sech entscheeden: Léisst et sech vum Silence erdrécken oder léisst et all déi Wierder fräi, déi sengem Ëmfeld schueden? Escher Meedchen ass eng gekonnt Milieustudie iwwert een Deel vun der Gesellschaft, deen dacks lénks leie gelooss gëtt. Dobäi beweist dem Mandy Thiery säi Stéck, wéi änlech dach bei eis alleguerten d’Problemer sinn.

 

Information

  • Duration 60 min.
  • Language LU
  • Place Ariston
  • Full price 20 €
    30 € avec le spectacle Escher Bouf
  • Young persons 9 €
    15 € avec le spectacle Escher Bouf

Credits

Text Mandy Thiery Regie Rafael Kohn Regieassistenz Daliah Kentge Bünebild Jörg Brombacher Mam Brigitte Urhausen Credit photo Marcel Conen

Production

Produktioun Escher Theater

In the press

Tageblatt

„(…) en éierlechen Theater, dee mat Momenter beréiert.”

Accessibility Menu

Font size
Zoom