Young audiences

D’Prinzessin op der Ierbes

Fräi nom Hans Christian Andersen

Traffik Theater
18.06.2023 > 22.06.2023

Sorry, there’s no English version of this text.

Et muss awer eng richteg Prinzessin sinn!
Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden.
Et huet awer eng richteg misse sinn.
De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen.
Mee ëmmer war eppes verkéiert…
D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.
Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden?
Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.

Information

  • Duration 45 Min.
  • Public 4-8 Joer
  • Language LU
  • Place Ariston
  • Full price 12 €
  • Young persons 6 €
  • Children 3 €
    (5 € Schoulvirstellung)

Credits

Kollektiv Kreatioun Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson Museksdramaturgie a Kompositiounen Michel Boulanger, Eleonora Savini Berodung Sandy Artuso Bléck vu Baussen Linda Bonvini Kostümer Anne-Marie Herckes Technesch Assistenz Carine Ceglarski Konstruktioun a Schreineraarbeschten Escher Theater (Dirk Fuchs, Laurent Kohn) Mat Michel Boulanger (Cello, Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano, Gesank), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielkonscht) Credit Photos Patrick Galbats

Production

Production Escher Theater Coproduction Prabbeli Wiltz Production de tournée AllerRetourLuxembourg a.s.b.l.

Accessibility Menu

Font size
Zoom