Theatre

D’Alice am Verwonnerland

Eng One-Woman-Show

Laure Schreiner Jemp Schuster
23.10.2024

Sorry, there’s no English version of this text.

An hirem éischte Solo-Programm fir d’Bün léisst d’Laure Schreiner d’Magie vum Kannerbuch Alice’s Adventures in Wonderland vum Lewis Carroll verschmëlze mat engem Bléck op eis sozial a politesch Géigewaart. „Theater ass fir mech Ënnerhalung“, seet si, „de Public soll laachen, awer och fir een Ament a sech goen.“ Mol satiresch, mol humoristesch kritt een op déi Manéier een Androck vum Verwonnerland Lëtzebuerg. Am Zentrum steet d’Situatioun vun de Jonken, ënner anerem hir Onsécherheet vis-à-vis vum  Immobiliemarché an der Beruffswal. Och d’Ufuerderungen, déi un eng modern Fra gestallt ginn, ginn opgegraff. D’One-Woman-Show, fir déi de Jemp Schuster d’Mise en scène iwwerholl huet, bestécht duerch hire literareschen Toun, hir kritesch Haltung an hire séiere Witz.

Upcoming performances open to the public

Information

  • Duration 1 Stonn 15 Min.
  • Language LU
  • Place Ariston
  • Full price 20 €
  • Young persons 9 €

Credits

Text, Iddi an Interpretatioun Laure Schreiner Regie Jemp Schuster Illustratiounen Mélusine Mainville

Production

Coproduction CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck ; Cube 521

Accessibility Menu

Font size
Zoom