Atelier de chant choral „Broadway and American songs“

Autour du piano, sur scène, les cordes vocales des participant.e.s vibreront comme jamais au rythme des plus célèbres pages musicales de Broadway (I feel pretty, I got rythm) et des chants traditionnels américains (Oh, when the saints, Amazing grace). Les enfants y trouveront pleinement leur compte puisque des chansons bien connues de tous comme Old MacDonald had a farm ou If you are happy and you know it figurent également dans le répertoire joyeusement concocté par Stephany Ortega et Léna Kollmeier, artistes du spectacle American Soul aux manettes de cet atelier.

Inscription : ateliers.theatre@villeesch.lu (réservation gratuite et dans la limite des places disponibles, à partir de 10 ans).

L’atelier est réalisé en partenariat avec l’INECC Luxembourg.

 

Si mer nach ze retten?

Wat ass dann dran an där Virwëtztut? Lieft en iwwerhaapt nach? De Kabaret? Dee Politeschen? Kann en nach reaniméiert ginn, falls en nach net ze wäit fort ass. Am Escher Theater gëtt de Kreessall scho mol präparéiert fir e puer kritesch Geeschter op d’Leit lass ze loossen. Well déi si batter néideg. Därer déi Saachen a Fro stellen, déi meckeren, déi de Mond oprappen an sech wieren an de Fanger op d’Wonn leeën. Mir duerfen op kee Fall de Politiker eleng de Cabaret iwwerloossen. Et duerf een natierlech scho mol laache kënnen am Kabaret awer ze vill komesch sollt en dach awer net sinn. Dofir ass d’Saach einfach ze Eescht.

Rotkäppchen / Chaperon Rouge

D’Opféierungen sin sold out!

E Meedchen, e Bësch, eng Rees, e Verspriechen dat gebrach gëtt, e rout Duch… Den Dan Tanson als Spiller an Erzieler, an de Michel Boulanger um Cello, hunn sech un der traditioneller asiatescher Erzieltechnik inspiréiert, fir de Bridder Grimm hiert Mäerchen op d’Bühn ze bréngen. E subtilt Zesummespill vun Erzielung, Musek an Objettheater erméiglecht de Kanner en onverfälschten Zougang zu den Emotiounen an der Geschicht, a léisst hinnen nawell vill Raum fir hir eege Fantasie. De Wollef léisst gréissen!

 

De Kapitän Mullebutz

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse komme vun hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg and let me tell you: Si si wibbeleg ! Aus der ganzer Welt hunn se Lidder matbruecht, di di kleng Piraten un d’Wibbele kréien: Danzen, sprangen, sangen… Haaptsaach gutt Laun. Och d’Madamm Li wëll, dass hir Matrouseband eppes fir d’Figur maachen a nees gutt fit an a Form sinn. Di erfollegräich Iddi, fir flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Pop Songs kannergerecht an op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en zweeten Deel. Kommt, sangt a danzt mat eis. Ei, dat gëtt e Spaass !

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
100 %
Zoomen
100%