Rotkäppchen / Chaperon Rouge
D’Opféierungen sin sold out!
E Meedchen, e Bësch, eng Rees, e Verspriechen dat gebrach gëtt, e rout Duch… Den Dan Tanson als Spiller an Erzieler, an de Michel Boulanger um Cello, hunn sech un der traditioneller asiatescher Erzieltechnik inspiréiert, fir de Bridder Grimm hiert Mäerchen op d’Bühn ze bréngen. E subtilt Zesummespill vun Erzielung, Musek an Objettheater erméiglecht de Kanner en onverfälschten Zougang zu den Emotiounen an der Geschicht, a léisst hinnen nawell vill Raum fir hir eege Fantasie. De Wollef léisst gréissen!
Vorstellungstermine
Informationen
- Dauer 40' Min.
- Publikum 4-8
- Sprache LU (FR pour la seconde représentation du dimanche 19 janvier)
- Ort Grande salle - scène sur scène