Menu
Fermer
Eng One-Woman-Show
Désolé, ce texte n’existe pas en français.
An hirem éischte Solo-Programm fir d’Bün léisst d’Laure Schreiner d’Magie vum Kannerbuch Alice’s Adventures in Wonderland vum Lewis Carroll verschmëlze mat engem Bléck op eis sozial a politesch Géigewaart. „Theater ass fir mech Ënnerhalung“, seet si, „de Public soll laachen, awer och fir een Ament a sech goen.“ Mol satiresch, mol humoristesch kritt een op déi Manéier een Androck vum Verwonnerland Lëtzebuerg. Am Zentrum steet d’Situatioun vun de Jonken, ënner anerem hir Onsécherheet vis-à-vis vum Immobiliemarché an der Beruffswal. Och d’Ufuerderungen, déi un eng modern Fra gestallt ginn, ginn opgegraff. D’One-Woman-Show, fir déi de Jemp Schuster d’Mise en scène iwwerholl huet, bestécht duerch hire literareschen Toun, hir kritesch Haltung an hire séiere Witz.
No zwielef Méint wäert de Roll Gelhausen zeréckblécken op d’Evenementer, déi d’Lëtzebuerger Gesellschaft gepräägt, iwwerrascht, geiergert a gutt duerchgerëselt hunn.
Qu’on en parle ouvertement ou par métaphores, c’est là partout et tout le temps : « LES RÈGLES ». Ce spectacle est un moment de lâcher-prise collectif où on décide que tout peut être abordé, dit et entendu.
Certains cookies sont nécessaires au fonctionnement de ce site. En outre, certains services externes nécessitent votre autorisation pour fonctionner.