Menu
Fermer
Désolé, ce texte n’existe pas en français.
Vun der Long op d’Zong – an direkt op d’Bün! D’Joer 2024 wäert héchstwarscheinlech nees all Rekorder briechen – a Bezuch op d’Hëtzt an d‘Dréchent, op Stauen, Streidereien an all d’Krisen, déi eis am Klenge wéi am Grousse wäerten heemsichen. Dat ass op jidder Fall den Ausgangspunkt fir de Kabarettist Roll Gelhausen a seng spatz Fieder. Hien huet den Ensemble Cabarenert gegrënnt an als Auteur ë. a. un de Programmer fir d‘Lëtzebuerger Revue an D’Makadammen matgeschriwwen. No zwielef Méint wäert de Roll Gelhausen zeréckblécken op d’Evenementer, déi d’Lëtzebuerger Gesellschaft gepräägt, iwwerrascht, geiergert a gutt duerchgerëselt hunn. D’onendlech Geschicht ronderëm d’Heescheverbuert gehéiert genee sou dozou wéi aner politesch Aventuren a Mesaventuren vun der neier Regierung.
Ee Kannerbuch als Cabaret? Firwat net! An hirem éischte Solo-Programm léisst d’Laure Schreiner Alice’s Adventures in Wonderland opliewen, fir d’Lëtzebuerg vun haut méi genee ënnert d’Lupp ze huelen.
In einem Salon trifft sich eine Gesellschaft, singfreudig und kunstbegeistert. Je nach Stimmung wird mal ein Lied von Franz Schubert angestimmt, mal ein Stück von Arnold Schönberg.
Certains cookies sont nécessaires au fonctionnement de ce site. En outre, certains services externes nécessitent votre autorisation pour fonctionner.