Menu
Close
Sorry, there’s no English version of this text.
Ech si vun hei, du vun anzwousch anescht. Wat fänke Kanner mat dëse Sätz un? Exil, Flüchtling oder Krich – grouss Wierder, déi een de Klengste vun der Gesellschaft bäibrénge muss. Dat ass d’Zil vun Ech sinn Tiger, engem Spektakel, dat Akrobatie, Danz a Molerei verbënnt. Den Hichem kënnt vu wäit ewech, fir endlech a Fridden ze liewen. Am Schoulhaff spillt hie mat dem Marie. Si probéieren een deen aneren ze verstoen. Zwee Kënschtler:innen erzielen dës Renconter, déi d’Choreografin Florence Bernad zesummegestallt huet, op eng duuss a poetesch Manéier. Eng Geschicht iwwer Toleranz a Virwëtz fir Kanner, déi hinnen op Aenhéicht begéint.
A Menina do Mar erzielt vun enger aussergewéinlecher Frëndschaft tëscht engem Jong, deen um Land wunnt, an engem Meedchen, dat am Mier lieft.
Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.
Both a musical concerto and a clown show, Pizz’n’Zip reminds us that inspiration and creativity are a more beautiful adventure when it is experienced as a group, regardless of our differences.
Some cookies are required for this website to function properly. Additionally, some external services require your permission to work.