Menu
Schließen
ronderëm d'Spektakel "D'Prinzessin op der Ierbes"
Dem Theateratelier ass thematesch un d’Stéck D’Prinzessin op der Ierbes gebonnen an erlaabt de Kanner d’Erfarung vum Theaterstéck ze verdéiwen. Geleet vun der Theaterpedagogin, kënnen d’Kanner selwer d’Freed um Theaterspillen entdecken.
Dësen Theateratelier gëtt am Kader vum P’tit brunch du théâtre ugebueden: en Theaterstéck kucke goen, zesumme brunchen, a bei engem spillereschen Atelier matmaachen.
Virstellung: 11:00 Auer oder 15:00 Auer – D’Prinzessin op der Ierbes
Brunch: 12:00 Auer
Atelier: 13:00 – 14:30 Auer
Umeldung per E-Mail un reservation.theatre@villeesch.lu. An Ärer E-Mail, gitt w.e.g. un:
– d’Zuel vun de Kanner, déi deelhuelen
– den Alter vun de Kanner
– ob Dir de Brunch an den Atelier zesummen oder nëmmen den Atelier buche wëllt.
Dir musst d’Ticketen dir d’Virstellung reservéiert hunn, fir den Atelier an de Brunch ze buchen.
Den Escher Theater invitéiert Iech op e spezielle Brunch! Virun oder no der Virstellung vun D’Prinzessin op der Ierbes invitéiert Iech eis Equipe op e Brunch mat Ärer Famill. Är Kanner kënne vun ...
Ronderëm d’Univers vum Spektakel Chromatique proposéiere mir Iech e Workshop mat Theaterspiller a Improvisatiounen am Duo Elteren-Kanner.
Ronderëm Pizz’n’Zip proposéiere mir Iech e Workshop mat musikalesche Spiller a Theatersimprovisatiounen am Duo Elteren-Kanner. Dëse Workshop ass esou konzipéiert, datt Kanner an Elteren e kreative Moment zesummen erliewe kënnen an d’Theaterwelt entdecken.
Einige Cookies sind erforderlich, damit diese Website ordnungsgemäß funktioniert. Darüber hinaus benötigen einige externe Dienste Ihre Arbeitserlaubnis.