Junges Publikum

Nikki Ninja & Afrobeathoven

Nicole Bausch, Pol Belardi Dennis Scholtes, Dan Tanson
20.12.2022 + 21.12.2022

Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.

D’Nikki huet eng ganz besonnesch Superkraaft.
Hatt spillt mat der Sprooch!
D’Nikki, e ganz normaalt Meedchen, erzielt immens gäre vu senge verréckten Erliefnisser an de Stroossen vu Räppeldeng. Räppeldeng? Jo, Räppeldeng, dat kléngt léift Duerf matzen an der Mëtt vu Lëtzebuerg! Hei ass et nach schéin, roueg a gemittlech, oder? Do kann een sech zwar mol gewalteg ieren, well wann d’Nikki mat senger Clique lassleet, sech an d’Nikki Ninja verwandelt a seng Geschichten zielt, da rabbelt et! D’Wierder fléien da just sou aus sengem Mond, an et reent Rhymes amplaz Knëppelsteng zu Räppeldeng. Säi Flow ass witzeg an éierlech… einfach nëmmen Ninja. Wuertspiller, wéi een se nach ni héieren huet, Reimer, déi engem d’Zong verdréinen a Beats, déi ënner d’Haut ginn…
D’Nicole Bausch, de Pol Belardi an den Dennis Scholtes hunn sech ënnert der Regie vum Dan Tanson zesumme gedoen, fir Hiphop mat Jazzmusek an aler Boom-bap Manéier zesummen ze bréngen, an esou Hiphop kannergerecht zougänglech ze maachen. RAP steet fir Rythm and Poetry. A wat hu Kanner gär? Rhythmus a Poesie!

Video

Informationen

  • Dauer 50 Min.
  • Publikum 7-12 Jahre
  • Sprache LU
  • Ort Theater
  • Vollzahler Cat. 1 : 12 €
    Cat. 2 : 10 €
  • Jugendliche Cat. 1 : 6 €
    Cat. 2 : 5 €
  • Kinder Cat. 1 : 3 €
    Cat. 2 : 2,50 €
    (5 € für die Schulvorstellungen)

Besetzung

Produktioun neimënster Koproduktioun Escher Theater ; Trifolion Konzept Nicole Bausch, Dan Tanson Musikalesch Direktioun Pol Belardi Kompositioun a Beats Pol Belardi, Dennis Scholtes Texter Nicole Bausch Textentwécklung mat Schoulklassen Nicole Bausch, Milla Trausch Inzenéierung Dan Tanson Visuals Sascha Di Giambattista Zeechentrick 1ère année BTS Animation, Lycée des Arts et Métiers Kostümer Alexandra Lichtenberger Mat Nicole Bausch, Pol Belardi & Afrobeathoven, Nadja Prange, Dennis Scholtes Crédit Photos neimënster / Guy Schuler

Produktion

Production neimënster Coproduction Escher Theater ; Trifolion Echternach Soutien Fondation Sommer ; Ministère de la Culture.
Le spectacle est présenté au Escher Theater dans le cadre et grâce au soutien d’Esch2022.

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
Zoomen