Theater

Escher Bouf

Mandy Thiery Carole Lorang
16.12.2023 > 22.12.2023

Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.

“Däer muss een alles aus der Nues zéien. Du schwätz net. Sou wéi de Rescht vun denger Famill. Du an deng Schwëster, däer sidd genau d’selwecht. Däer sidd genau wéi är Mamm.“
Nom Escher Meedchen ass et elo um Escher Bouf seng Geschicht z’erzielen. Als Jong gouf de Gilles Zeien dovunner, wéi seng Schwëster Mona aus dem onschëllege Liewe gerappt gouf. Als Erwuessene wëll hien alles richteg, alles anescht wéi a senger Famill maachen: e Schoulofschloss, eng Staatsplaz, en Haus, eng Fra an zwee Kanner. Ma déi nei Uerdnung verhënnert net, datt och dem Gilles seng Welt aus dem Takt geréit: Seng Fra wëll net méi just d’Maskottche vum biergerleche Liewen u senger Säit sinn. Och d’Vergaangenheet, déi hie mat senger Schwëster deelt, léisst hien net zur Rou kommen. An de Gilles muss agesinn: Ze laang waren Traumaen an Tabuen d’Piliere vu senger Existenz. An dësem Stéck, dat un d’Traditioun vum Vollekstheater uknäppt, schreift d’Mandy Thiery op en Neits iwwer familiär Wonnen, doriwwer wéi een als Brudder, Papp a Mann reagéiert, wa beim eegene Liewensmodell de Botz bréckelt.

 

Video

00:00:00

Informationen

  • Dauer 80 Min.
  • Sprache LU
  • Ort Theater
  • Vollzahler Cat. 1 : 20 €
    Cat. 2 : 16 €
    30 € mam Stéck Escher Meedchen
  • Jugendliche Cat. 1 : 9 €
    Cat. 2 : 8 €
    15 € mam Stéck Escher Meedchen

Besetzung

Text Mandy Thiery Regie Carole Lorang Regieassistenz Jonathan Christoph Bünebild a Kostümer Peggy Wurth Choreographie Claudia Urhausen Musek Malika Fankha Artistesch Kollaboratioun Renelde Pierlot Luucht Steve Demuth Maquillage Valentina Becker Mam Marc Baum, Clara Hertz, Rahel Jankowski, Max Thommes An Caiana Botticelli, Laura Caramanico, Gianfranco Celestino, Mélanie Marques, Nadine Robert, Edith Ruscio, Patrick Salvi, Kevin Simoes, Pierre van Wambeke Crédit photo Patrick Galbats

Produktion

Produktioun Escher Theater Remerciements RESEAU PSY – Psychesch Hëllef Dobaussen asbl ; Monsieur Gilbert Pregno, psychologue et psychothérapeute

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
Zoomen