De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si schneekeg !
Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.
Erëm op festem Buedem. De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen sinn no laanger Rees erëm zréck am Hafen zu Lëtzebuerg. De Kapitän a seng Crew sinn no deem ville Gewibbels elo an Héichform, an op festem Buedem kënnen si mat guddem Gewëssen erëm op hire Bauch lauschteren, gutt iessen a schneeken… hmmm! Pechege Kachkéis, en Zapp-Ee, eng Zoossiss a ganz vill Schockela. De Mullebutz a seng Matrousen invitéieren all kleng a grouss Pirate fir mat hinnen ze sangen an ze danzen. Dëst ass den drëtten Deel vun der beléifter Matmaach-Concert-Serie fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir erwuesse Begleeder !
Vorstellungstermine
Schulvorstellungen
Informationen
- Dauer 60 Min.
- Publikum 4-9 Joer
- Sprache LU mat Gebäerdesprooch
- Ort Theater
-
Vollzahler
Cat. 1 : 12 €
Cat. 2 : 10 €
-
Jugendliche
Cat. 1 : 6 €
Cat. 2 : 5 €
-
Kinder
Cat. 1 : 3 €
Cat. 2 : 2,50 €
(5 € für die Schulvorstellungen)
Besetzung
Produktion
Weitere Empfehlungen
ZongenZodi
Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran.
D'Prinzessin op der Ierbes
Traffik Theater erzielt mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Andersen, a freet sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.