De Kapitän Mullebutz
Sorry, there’s no English version of this text.
No méi wéi engem Joer Corona wëllen De Kapitän Mullebutz a seng Matrousen nees Gas ginn. Si hu schlëmm no de klengen a grousse Pirate verlaangert a si lo net méi ze bremsen, fir zesummen eng grouss Party ze feieren.
Danzen, Sangen, Sprangen… a gutt Laun stinn um Programm! Och d’Madame Li ass nees derbäi a freet sech, dass d’Matrouseband an de ganze Publikum a Form kënnt. Den zweeten Deel vun der erfollegräicher Iddi, flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock- a Popsongs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze sangen, ass no deem laange Lockdown nees zeréck op Tournée. De Kapitän an de Steiermann hunn Toplidder, souwéi deen een oder aneren neie Song an de Programm geholl. Et versprécht e grousse Spaass ze ginn. Kommt, sangt an danzt mat eis!
Upcoming performances open to the public
Information
- Duration 60 min.
- Public Jonke Publikum 4-9 Joer
- Language LU
-
Full price
Cat. 1 : 12 €
Cat. 2 : 10 €
-
Young persons
Cat. 1 : 6 €
Cat. 2 : 5 €
-
Children
Cat. 1 : 3 €
Cat. 2 : 2.5 €