Jeunes Publics

D’Prinzessin op der Ierbes

fräi nom Hans Christian Andersen

Traffik Theater
11.10.2026 > 13.10.2026

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden … D’Kënschtler:innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren. Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.

P’tit brunch du théâtre 11/10 12:00
Theateratelier fir Kanner
11/10 13:00

00:00:00

Informations

  • Durée 50 Min.
  • Public 4-8 Joer
  • Langue LU
  • Lieu Ariston
  • Plein tarif 12 €
  • Jeunes 6 €
  • Enfants 3 €

Distribution

Stéckentwécklung Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson Museksdramaturgie a Kompositiounen Michel Boulanger, Eleonora Savini Kompositiounassistenz Eleonora Savini Objetdesign, Illustratiounen an Animatiounen Dan Tanson Bewegungscoach Adèle Bourret Kostümer Anne-Marie Herckes Luuchten a Technik Bert Marijsse Bléck vu Bausse Linda Bonvini Berodung Sandy Artuso Dekor Konstruktioun Dirk Fuchs, Laurent Kohn Assistenz Technik an Objet Konstruktioun Carine Ceglarski Mam Michel Boulanger (Cello, Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano, Gesank), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielkonscht) Crédit photo Patrick Galbats

Production

Production de tournée AllerRetourLuxembourg asbl Production Escher Theater Coproduction Prabbeli Wiltz

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom