Junges Publikum

ZongenZodi

Erzielkonscht a.s.b.l.
14.01.2024

Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net!
Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran.
Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net?
Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wieder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren?
Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen!

Informationen

  • Dauer 45 Min.
  • Publikum 5-8 Joer
  • Sprache LU
  • Ort Ariston
  • Vollzahler 12 €
  • Jugendliche 6 €
  • Kinder 3 €

Besetzung

Vun a mam Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer Bünebild a Kostümer Peggy Wurth Luucht Domenic Koehler Bléck vu baussen Ela Baumann, Jean Bermes, Claire Parsons Crédit photo Patrick Galbats

Produktion

Coproduction Escher Theater ; Erzielkonscht a.s.b.l.

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
Zoomen