Junges Publikum

Frederick

Fräi nom Billerbuch vum Leo Lionni an der 27. Sonat vum Mozart

La Compagnie du Grand Boube
02.06.2021 > 09.06.2021

Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisioune fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. “Firwat schaffs du näischt?” froen di aner Mais. “Ma ech schaffen dach!” seet de Frederick. Hie sammelt Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann… Hien ass e richtegen Artist!

 

Die Aufführung am 8. Juni ist auf Französisch (die Schulvorstellung am 9. Juni ebenfalls).  Die Anderen sind auf Luxemburgisch.

 

Informationen

  • Dauer 40 Min.
  • Publikum 3-6 Jahre
  • Sprache LU oder FR
  • Vollzahler 12 €
  • Jugendliche 6 €
  • Kinder 3 €

Besetzung

Nom Billerbuch vum
Leo Lionni Frederick, Pantheon, 1967, an der 27. Sonat a Sol majeur fir Gei a Piano vum W.A. Mozart (K379), mat Extraiten vun zwee Gedichter vum Michel Lentz (Fréijoer aus Hiérschtblumen an E Päiperlek aus Wantergréng)
Konzept an Inzenéierung, Objeten
Francis Schmit
Musikalesch Adaptatioun an Direktioun
Franz Leander Klee
Luucht
Romain Stammet
Kostümer a Konfektioun Mais
Peggy Wurth
Spezialeffekter (Schnéi)
Céline a Rüdiger Leuchter
Bléck vu baussen
Agnès Limbos
Berodung
Agnès Limbos (Objeten), Mani Muller (Dramaturgie)
Regieassistenz
Mahlia Theismann
Mat
Franz Leander Klee (Piano), Ann Majerus (Gei), Renelde Pierlot (Schauspill)
Crédit image
CAPE - Pierre Weber

Produktion

Production
La Compagnie du Grand Boube
Coproduction
CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck ; Escher Theater ; Kulturhaus Niederanven
Avec le soutien de
Rotondes

In der Presse

Radio 100.7

“(…) mech huet beréiert, wéi déi klassesch Musek dat Stéck beräichert an d’Kanner och paakt (…) dat war visuell Poesie! (…) „Frederick“ huet mer alt nees gewisen, wéi schéin et dach ass, mat Emotiounen ze spillen, Sënner ze stimuléieren, an ze weise wat Gefiller sinn (…) an dofir muss een esou Momenter onbedéngt genéissen.” (Jean-Claude Majerus)

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
Zoomen