Theater

Revue 2020

08.04.2020 > 10.04.2020

D’Revue, dee beléifte Lëtzebuerger Cabaret, ass nees do ! Den Ensemble “Nei Revue Asbl” steet mat engem lëschtegen an ofwiesselungsräiche Programm op de Brieder, a féiert domat déi grouss Lëtzebuerger Theatertraditioun weider. Humoristesch zäitkritesche Sketcher a Lidder loossen dat vergaangend Joer zu Lëtzebuerg Revue passéieren. Laachen ass ugesot ! Nodeems d’Revue ee Joer ausgefall war, hu si virun zwee Joer mat enger zum Deel remaniéierter Ekipp den Neiufank gemaach. An et gouf gesot datt et guer net esou schlecht war! Mëttlerweil hu si dee richtege “Rythme de Croisière” fond. Si si gewëllt och 2020 mat däer positiver Entwécklung weiderzefueren an de Publikum mat hire flotte satirësche Sketcher a Lidder un d’Laachen ze kréien.

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
Zoomen