Théâtre

‘t ass net ze gleewen

Roll Gelhausen
22.01.2027

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

D’Wouerecht an Zäite vu Fake, Fake, Fake. Dat ass den Ausgangspunkt fir dem Roll Gelhausen säin neie Programm. Als Kabarettist ass hie fir seng spatz Fieder bekannt. Hien huet den Ensemble Cabarenert matgegrënnt an als Auteur ënner anerem un de Programmer fir d‘Lëtzebuerger Revue an D’Makadammen matgeschriwwen.
An ass effektiv d’Bün net déi beschte Plaz, fir iwwer Show, Ligen, Verstellungen a gefillte Wouerechten nozedenken? Mat deenen ass et nämlech wéi mat de gefillten Temperaturen: Wann engem bei 12 Grad am Schiet de Wand ëm d’Ouere bléist an et huet een näischt um Kapp, da fillt et sech schonn e gutt Stéck méi kal un. A wann engem Ligen ëmmer méi dacks a méi haart ëm d’Ouere fléien an et huet een näischt am Kapp, dann héieren déi sech op eemol wéi tatsächlech Wouerechten un.
Wéi ëmmer kuckt de Roll Gelhausen mat enger Mëschung aus Virwëtz, Verwonnerung a Polemik zeréck op eng Zäit, déi alt nees eng Kéier voller Gaffen a Watgelift-Amenter war.

Prochaines séances ouvertes au public

Informations

  • Durée circa 1 St. 10 Min.
  • Langue LU
  • Lieu Theater
  • Plein tarif Cat. 1 : 20 €
    Cat. 2 : 16 €
  • Jeunes Cat. 1 : 9 €
    Cat. 2 : 8 €

Distribution

Vun a mam Roll Gelhausen

Production

Production Roll Gelhausen

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom