Théâtre

D’Kallef vum Joer 2026

Richtung22
16.12.2026

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

2026: e Joer fir ze vergiessen, e Joer fir ze laachen. Ass dat net déi beschte Grondlag fir e satiresche Joresréckbléck? De Konschtkollektiv Richtung22 zitt e Bilan vun enger Zäit, déi eis alt nees emol uerg zougesat huet. Och zu Lëtzebuerg gëtt opgerüst, ofgelenkt, vill geschwat a wéineg gesot. Wéi eng Personnagen hu sech dobäi besonnesch profiléiert? Ass de Premierminister nach ëmmer de Kapitän vum Schëff oder just nach de Chef vun enger Gare an der Provënz? A wéi steet et ëm eis Arméi, eis Heemecht, eise Mindestloun? Ass déi gutt al Zäit zeréck? Froen, Froen, Froen – fir hire Gala-Owend tëscht Nostalgie a Kritik huet sech Richtung22 zesummegedoe mat der Redaktioun vum Hannerland, engem satiresche Ressort, dee reegelméisseg am Lëtzebuerger Land ze liesen ass. Um Enn vun der Soirée läit et um Public, fir de leschten zwielef Méint per Vote e besonnescht Gesiicht ze ginn.

Prochaines séances ouvertes au public

Informations

  • Durée circa 1 St. 20 Min
  • Langue LU
  • Lieu Ariston
  • Plein tarif 20 €
  • Jeunes 9 €

Distribution

Konzept Richtung22 Mat Emilie Berg, Hannah Brucher, Léa Weber, ë.a. Crédit photo Pit Reding

Production

Production Richtung22 & Hannerland

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom