Jeunes Publics

Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs

Vill Léift an Trallala

Nicole Bausch, Pol Belardi
04.03.2027

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Räppeldéng ass d’Mëtt vun der Welt – wéinstens un dësem Owend. Nom Succès vun hirer Kreatioun Nikki Ninja & Afrobeathoven – engem Projet vum Nicole Bausch an dem Dan Tanson – sinn d’Nicole an de Pol Belardi ee Schrëtt weider gaang. Op en Neits gi si d’Bün fräi fir d’Nikki Ninja a seng Frënn wéi d’Katsuro Kaz, de Benji Bier oder d’Schwéngi Schwäin. Zesumme si si d’Wibbeldidubs – alleguerte komme si aus dem latzege Räppeldéng, an alleguerten hu si grouss Wënsch: Musek ze maachen, vill Léift an Tralala an d’Welt ze bréngen an hir Superninjakraaft ze fannen. An de Lidder, déi d’Nicole geschriwwen an de Pol komponéiert huet, ginn hir Geschichte mat vill Witz erzielt. Et ass eng Aventure voll mat musikaleschen Aflëss fir déi ganz Famill, ganz egal ob een d’Nikki Ninja scho vum éischten Album hir kennt oder net. Begleet gëtt d’Nicole um Mikro vum Tanja Duprez, an de Pol um Bass gëtt ënnerstëtzt vum Niels Engel un den Drums an dem Joe Schmitz un de Keys.

Informations

  • Durée 50 Min.
  • Public 7-10 Joer
  • Langue LU
  • Lieu Theater
  • Plein tarif 12 €
  • Jeunes 6 €
  • Enfants 3 €

Distribution

Musikalesch Direktioun Pol Belardi Texter Nicole Bausch Kompositioun Pol Belardi Kostümer Alexandra Lichtenberger Illustratiounen Sascha Di Giambattista Choreografie Marc Folschette Theaterpedagogie Gilles Seyler Bléck vu baussen Dan Tanson Mat Nicole Bausch (Rap), Tanja Duprez (Gesank), Pol Belardi (Bass), Niels Engel (Batterie), Joe Schmitz (Piano) Crédit photo Eric Engel

Production

Production déléguée Nicole Bausch Production neimënster Soutien Fondation Sommer ; Ministère de la Culture du Luxembourg ; Fondation Loutsch-Weydert ; Fondation Thierry Van Werveke ; SACEM Remerciements Classe Cycle 3.1 d’Émilie Glaesener (école primaire de Mersch), classe Cycle 3.2 de Sam Hilger (école primaire d’Eich)

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom