Menu
Fermer
Désolé, ce texte n’existe pas en français.
En Dezember ouni Kleeschen? Dat ass wéi e Chrëschtbam ouni Kugelen. Onméiglech! Och dëst Joer fënnt de Kleesche säi Wee nees op d’Büne vu Lëtzebuerg, fir de Kanner um Enn vum Joer eng ganz besonnesch Erënnerung matzeginn. D’Kanner kucken an eng gemittlech Stuff eran – a fannen eraus, datt um Niklosdag sou munches schif goe kann. Dat geschitt eben, wann e virwëtzegt Kand sech ze fréi erofschläicht, fir erauszefannen, wat de Kleeschen do ënne sou stiicht. Wat wënscht sech e Kand hautdesdaags? Versteet den ale Kleeschen dat iwwerhaapt nach? A wéi parkt een am beschte säi Schlitt? Et gëtt vill Froen, vill Musek, vill Quatsch a vill Geschichten, un deene sech d’Kanner an der däischterer Joreszäit wierme wäerten, gedroe vum Geschichtenerzieler Roger Seimetz an de Museker Fränz Hausemer a Benoit Martiny.
Le Escher Theater vous propose les p’tits brunchs du théâtre ! Après ou avant un spectacle jeunes publics, à l’Ariston, notre équipe vous invite à bruncher avec vos bambins et participer à un ...
Enfin un spectacle dont le chien est le héros ! Drôle et décalé, Pas bête invite à découvrir le monde du point de vue de l’animal, et ce que l’on y gagne, nous les humains.
Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt.
Certains cookies sont nécessaires au fonctionnement de ce site. En outre, certains services externes nécessitent votre autorisation pour fonctionner.