Théâtre Musique

An der Schwemm

Lou Koster, Tatsiana Zelianko Batty Weber, Roland Gelhausen
27.01.2024 + 28.01.2024

Désolé, ce texte n’existe pas en français. 

Ee Kappsprong an d’lëtzebuergesch Museksgeschicht! Gutt honnert Joer, nodeems der Komponistin Lou Koster hiren eenzege Musekstheater 1922 uropgefouert gouf, ass An der Schwemm an enger adaptéierter Versioun am Escher Theater ze gesinn. Fir d‘Operette huet deemools de Schrëftsteller a Journalist Batty Weber d‘Libretto op Lëtzebuergesch geschriwwen.
Erzielt gëtt d‘Geschicht vun der selbstbewosster Schwëmmerin Lory, déi sech géint d‘Avancë vum Fonctionnaire Zengerlé zur Wier setzt. Verkuckt huet hatt sech an de scheien Zaldot a Schwammmeeschter Reddy. D‘Schwemm gëtt an dësem mol monteren, mol kriteschen Zenario zum Schmelzdigel vum gesellschaftleche Liewe vun den 1920 Joren. D‘Bün gehéiert dobäi ganz der Haaptfigur, déi d‘Fräiheet fir sech reklaméiert.
Fir dës Opféierung huet d‘Komponistin Tatsiana Zelianko zwou kuerz Zeene kreéiert. An de Rol Gelhausen, bekannt uechtert d‘Land als Kabarettist a Komponist, huet sengersäits ee kuerzt Libretto geschriwwen. Mat engem Gespier fir d‘Stëmmung vum Original féiert hien d‘Geschicht aus der Vergaangenheet an eis Géigewaart an entlackelt hir ganz eege Pointen.

Weider Virstellungen am CAPE zu Ettelbréck (03 & 04/02) an um Festival de Wiltz (29/06).

Informations

  • Durée 70 min.
  • Langue LU
  • Lieu Théâtre
  • Plein tarif Cat. 1 : 20 €
    Cat. 2 : 16 €
  • Jeunes Cat. 1 : 9 €
    Cat. 2 : 8 €
  • Enfants Cat. 1 : 4.50 €
    Cat. 2 : 4 €

Distribution

Inszenéierung Marion Rothhaar Libretto Batty Weber, Roland Gelhausen Musek Lou Koster, Tatsiana Zelianko Musikalesch Leedung Jonathan Kaell Bünebild a Kostümer Peggy Wurth Regieassistenz Laetitia Lang Coiffure a Maquillage Joël Seiller Gesank Christophe Bornet, Loïc Schlentz, Valérie Stammet Orchester Orchestre de Chambre du Luxembourg Chouer INECC Luxembourg Credit photo Patrick Galbats

Production

Production Opera mobile Coproduction Escher Theater ; CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck ; Festival Wiltz ; INECC Luxembourg ; MASKéNADA Soutien Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg ; SACEM Luxembourg Collaboration CID Fraën an Gender