Théâtre

Nornen

Independent Littles Lies – ILL
17.04.2024 > 21.04.2024

Désolé, ce texte n’existe pas en français. 

“Weess du, wéi dat gëtt?” Ronderëm e Buer stinn dräi Fraen a flechte Seeler. Et si mystesch Gestalten, Schicksalsgëttinnen, och „Nornen“ genannt. Et ass net Är Schold, wann Dir nach ni vun hinnen héieren hutt. Ze laang goufe si am Schied vu méi lukrativen nordeschmythologesch-marveleske Personnage wéi Thor, Odin a Loki vergiess.
Héchsten Zäit, datt och hir epesch Geschicht erzielt gëtt. D‘Geschicht vun hirem Asaz fir d‘Gläichgewiicht vum Universum, vun hirem Kampf géint d‘Muechte vum Chaos, d‘Geschicht dovunner, wéi si d‘Geschicht vun alle Geschichten erfanne mussen, fir d‘Gëtter an déi Stierflech an hirem Bann ze halen.
Nornen ass eng dynamesch Stéckentwécklung, bei där d’Regie wärend de Prouwen zesumme mat de Schauspillerinnen doriwwer nodenkt, wat dat heescht: Geschichten erfannen a verzielt kréien. Si si tatsächlech de Koll, deen d’Gesellschaft zesummenhält? A wat hu si eis haut nach ze soen, déi al Geschichten, déi un dësem Owend eng nei Gestalt wäete kréien?

No der Virstellung den 20. Abrëll invitéiere mir Iech op e Nogespréich mat de Kënschtler am Ariston’s Bar.

Vidéo

00:00:00

Informations

  • Durée 75 min.
  • Langue LU
  • Lieu Ariston
  • Plein tarif 20 €
  • Jeunes 12 €

Distribution

Konzept a Regie Jacques Schiltz, Claire Wagener Kostümer a Bünebild Michèle Tonteling Luucht Marc Thein Textdramaturgie Samuel Hamen Mam Frédérique Colling, Catherine Elsen, Anne Klein Produktiounsleedung Jill Christophe Crédit image Patrick Galbats

Production

Production Independent Little Lies – ILL Coproduction Escher Theater ; Kasemattentheater Soutien Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg ; Ville d’Esch-sur-Alzette.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom