Wat ass dann dran an där Virwëtztut? Lieft en iwwerhaapt nach? De Kabaret? Dee Politeschen? Kann en nach reaniméiert ginn, falls en nach net ze wäit fort ass. Am Escher Theater gëtt de Kreessall scho mol präparéiert fir e puer kritesch Geeschter op d’Leit lass ze loossen. Well déi si batter néideg. Därer déi Saachen a Fro stellen, déi meckeren, déi de Mond oprappen an sech wieren an de Fanger op d’Wonn leeën. Mir duerfen op kee Fall de Politiker eleng de Cabaret iwwerloossen. Et duerf een natierlech scho mol laache kënnen am Kabaret awer ze vill komesch sollt en dach awer net sinn. Dofir ass d’Saach einfach ze Eescht.
Rotkäppchen / Chaperon Rouge
TOUTES LES REPRÉSENTATIONS SONT SOLD OUT.
Sur un plateau minimaliste, un violoncelliste et un conteur empruntent aux techniques traditionnelles de narration nippones pour raconter le périlleux cheminement du petit chaperon rouge à travers les bois. Avec subtilité, la parole et la musique se répondent pour créer un univers intime et sensible, libérer la force émotionnelle du conte et imprégner les imaginations des tous petits comme des plus grands. Loup, prend garde !
De Kapitän Mullebutz
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse komme vun hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg and let me tell you: Si si wibbeleg ! Aus der ganzer Welt hunn se Lidder matbruecht, di di kleng Piraten un d’Wibbele kréien: Danzen, sprangen, sangen… Haaptsaach gutt Laun. Och d’Madamm Li wëll, dass hir Matrouseband eppes fir d’Figur maachen a nees gutt fit an a Form sinn. Di erfollegräich Iddi, fir flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Pop Songs kannergerecht an op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en zweeten Deel. Kommt, sangt a danzt mat eis. Ei, dat gëtt e Spaass !