20 Joer MAKADAMMEN! Wow! Dat muss gefeiert ginn!
Mir maachen ee Konveniat an do luede mir all eis “Avataren” vun deene leschte Joren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren.
Einfach aus der Haut fueren
Fir een Aneren ze ginn
Mir fillen eis wéi neigebueren
Wa mir op der Bün stinn
Aus dem Jeckill gëtt d’Miss Hyde
Aus dem Beauty gëtt e Beast
Aus dem Bonny gëtt e Clyde
A last but not least
Gëtt aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen
Aus douce Fraen, Femmes fatalen
Wa mir op d’Bün eropklammen
Gi mir:(d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa)
D’Makadammen
Un spectacle musical tout en poésie et douceur. L’hiver rugueux approche. La ferme est abandonnée et la grange et le grenier sont vides… Tous les mulots font inlassablement provision de maïs et de noisettes. Tous ? Non ! L’irréductible Frederick ne se joint pas à la ribambelle de ces petites mains ouvrières. Au lieu de se démener à de rudes tâches, il sommeille et rêve… Car pendant les longues soirées d’hiver, Frederick sait que les mulots auront soif de chaleur et de belles histoires. Il fait donc provision de soleil, de couleurs et de mots. Il est un poète, un magicien du bonheur.
L’Harmonie Municipale d’Esch, plus ancienne société de musique du Sud du Luxembourg, a été fondée il y a tout juste 150 ans, le 26 mars 1871. La présentation rétrospective de son histoire sera agrémentée de témoignages de personnalités locales et nationales, ainsi que d’un accompagnement musical de l’Orchestre d’Harmonie du Conservatoire de la Ville d’Esch. L’ensemble prendra une forme moderne et amusante ! La séance académique sera l’occasion de dévoiler le nouveau drapeau de l’Harmonie Municipale d’Esch, conçu par l’artiste eschois Nicolas Goetzinger.
Sous le Haut Patronage de Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse
Et ass näischt méi wéi et war. Mir sinn net méi déi selwecht Mënsche wéi virdrun. Dat wäerte mer ganz kloer mierken, wann endlech all Leit hir Maske fale loossen. Et ass ee gespaant ze gesinn, wie sech als Éischten traut nees engem aneren d’Hand ze reechen. A mir wäerte ganz genee kucken, wie weiderhi seng Hänn wäscht. An Onschold. D’Fro ass elo méi wéi berechtegt. Si mer nach ze retten?
Eise Bistro ass lo mol endlech nees op. D’Liewe muss jo weidergoen. Fir déi, déi et gepackt hunn. A fir déi ass e Bistro lo liewenswichteg. Fir sech auszetauschen. Mat aneren. Déi laang Zäit an der Isolatioun war net einfach ze iwwerstoen. Sou laang eleng. Naja, wann een nach eleng gewiescht wier. Mä mam Partner … an do waren och op eemol Kanner, vun deenen ee bis dohinner quasi ni eppes matkritt hat. Mir musse lo no vir kucken an dat och ëmsetzen, wat mer eis an deene schwéiere Stonne virgeholl haten. Endlech immun ze ginn.
Le samedi 6 mars de 10h à 12h, autour du spectacle tock tock, Annick Pütz propose un atelier au cours duquel les binômes parent-enfant sont invités à inventer des rapports ludiques qui peu à peu deviennent intentions, rythmes et danse.
En Hommage un de Lëtzebuerger Auteur Pir Kremer. Mat senge Stamminee- a Revue Texter, Lidder a Gedichter gëtt e Stéck Lëtzebuerger populär Ënnerhalungsgeschicht ausgegruewen, analyséiert an aus dem Bléck vun haut verständlech gemaach. D’Equipe ronderëm de Regisseur Claude Mangen zeechent e Gesellschaftsportrait duerch de Mond vum Satiriker! De Spektakel sicht mat gesonder Distanz de Sound vun de 60er a 70er Joren artistesch a musikalesch anzefänken. FC Schinnegebeess oder Ran an de Goal, Dem Tobby Säin Hobby an den Hunn Op Der Bunn, all dës beléifte Lidder verziele vun engem Liewensgefill, vun där neier Fräizäit an deene ville Veräiner, déi deemools entstane sinn. Bei äis doheem an der Familljen, Ech Sin Up-To-Date oder Ech brauch kee Mann besangen dat neit Fraebild a verspotten deem Léiwe Männchen seng Naupen. Am Lidd Et Ass Eriwwer verzielt de Pir Kremer, wéi 1967 de Militärdéngscht ofgeschaaft gouf a mat der Ballade De Massaker op der neier Bréck hëlt hien d’Verkéiers Situatioun beim Pole Nord op d’Schëpp.
20 Joer Makadammen! Wow! Dat muss gefeiert ginn! Mir maachen ee Konveniat an do luede mir all eis “Avataren” vun deene leschte Joren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren.
Einfach aus der Haut fueren Fir een Aneren ze ginn Mir fillen eis wéi neigebueren Wa mir op der Bün stinn Aus dem Jeckyll gëtt d’Miss Hyde Aus dem Beauty gëtt e Beast Aus dem Bonny gëtt e Clyde A last but not least Gëtt aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen Aus douce Fraen, Femmes fatalen Wa mir op d’Bün eropklammen Gi mir: (d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa) D’Makadammen
Et ass näischt méi wéi et war. Mir sinn net méi déi selwecht Mënsche wéi virdrun. Dat wäerte mer ganz kloer mierken, wann endlech all Leit hir Maske fale loossen. Et ass ee gespaant ze gesinn, wie sech als Éischten traut nees engem aneren d’Hand ze reechen. A mir wäerte ganz genee kucken, wie weiderhi seng Hänn wäscht. An Onschold. D’Fro ass elo méi wéi berechtegt. Si mer nach ze retten?
Eise Bistro ass lo mol endlech nees op. D’Liewe muss jo weidergoen. Fir déi, déi et gepackt hunn. A fir déi ass e Bistro lo liewenswichteg. Fir sech auszetauschen. Mat aneren. Déi laang Zäit an der Isolatioun war net einfach ze iwwerstoen. Sou laang eleng. Naja, wann een nach eleng gewiescht wier. Mä mam Partner … an do waren och op eemol Kanner, vun deenen ee bis dohinner quasi ni eppes matkritt hat. Mir musse lo no vir kucken an dat och ëmsetzen, wat mer eis an deene schwéiere Stonne virgeholl haten. Endlech immun ze ginn.
Weider Virstellung am Escher Theater den 4. a den 5. Mai.
D’Revue, dee beléifte Lëtzebuerger Cabaret, ass nees do ! Den Ensemble « Nei Revue Asbl » steet mat engem lëschtegen an ofwiesselungsräiche Programm op de Brieder, a féiert domat déi grouss Lëtzebuerger Theatertraditioun weider. Humoristesch zäitkritesche Sketcher a Lidder loossen dat vergaangend Joer zu Lëtzebuerg Revue passéieren. Laachen ass ugesot ! Nodeems d’Revue ee Joer ausgefall war, hu si virun zwee Joer mat enger zum Deel remaniéierter Ekipp den Neiufank gemaach. An et gouf gesot datt et guer net esou schlecht war! Mëttlerweil hu si dee richtege « Rythme de Croisière » fond. Si si gewëllt och 2020 mat däer positiver Entwécklung weiderzefueren an de Publikum mat hire flotte satirësche Sketcher a Lidder un d’Laachen ze kréien.
Autour du piano, sur scène, les cordes vocales des participant.e.s vibreront comme jamais au rythme des plus célèbres pages musicales de Broadway (I feel pretty, I got rythm) et des chants traditionnels américains (Oh, when the saints, Amazing grace). Les enfants y trouveront pleinement leur compte puisque des chansons bien connues de tous comme Old MacDonald had a farm ou If you are happy and you know it figurent également dans le répertoire joyeusement concocté par Stephany Ortega et Léna Kollmeier, artistes du spectacle American Soul aux manettes de cet atelier.
Inscription : ateliers.theatre@villeesch.lu (réservation gratuite et dans la limite des places disponibles, à partir de 10 ans).
L’atelier est réalisé en partenariat avec l’INECC Luxembourg.
Inscription à la newsletter
Menu d'accessibilité
Taille de police
100 %
Zoom
100%
Certains cookies sont nécessaires au fonctionnement de ce site. En outre, certains services externes nécessitent votre autorisation pour fonctionner.