Menu
Fermer
Désolé, ce texte n’existe pas en français.
An engem fiktive Klasseraum begéinen sech Kanner mat verschiddene sozialen Hannergrënn, si treffen openeen, verbréngen hir Kandheet op der selwechter Plaz, zur selwechter Zäit. An trotzdeem kommen si aus ganz verschiddene Welten. Mir erzielen iech d’Geschicht vum Balkin, dee mat sengen Elteren an engem Auto lieft, op engem Parking nieft der Schoul, vum Thibault, dem scheien ängschtleche Jong vum Bauerenhaff, a vum Valentine dat aus enger sougenannter besserer Famill kënnt wou et scho ganz fréi geléiert ginn ass, sech an der mondäner Tenniswelt zerecht ze fannen. D‘Erzéiung, d‘Fräizäit, de Gebrauch vun de Sproochen a verschiddene Liewenssituatioune ginn am Isabelle Bonillo sengem Stéck ënnersicht a nieftenee gestallt, net fir ze jugéieren, mä einfach fir ze weise wéi grouss d’Ënnerscheeder tëscht deenen engen an deenen anere kënne sinn.
En poursuivant votre navigation vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur.