14.12.2018
au Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette

Gloria

Sangen d’Jangen an hirem fuschneie Wanterprogramm ëmmer nach iwwer Dammen a Männersuergen? Am Virprogramm vun der grousser hell’ger Nuecht geet et ëm d’Maria, d’Engelen an d’Gloria. Et geet ëm den Iesel, deen d’Maria muss schleefen an de Jousef, dee sech freet, vu wiem d’Këndchen dann elo eigentlech ass. Och laacht den Owi virun der  Krëppchen net iwwert de Stäer, deen aus dem Himmelssall gefall ass.

Am Mëttelpunkt steet awer d’Geschicht vum Jesuskëndchen, dat déi schwéier Aufgab opgeluede kritt, Erléisung a Fridden op d’Welt ze bréngen.

D’Jangen sange besënnlech, harmoniebedürfteg, heiansdo mat engem klengen Aenzwinkeren. Nieft bekannte Chrëschtlidder wéi Am Uewe potert d’Feier oder Aus dem Himmelssall presentéiert de Lëtzebuerger Gejangssextett nieft
e puer Gedichter a Neikompositiounen wéi De froue Béifchen Owi och manner bekannte Lidder wéi Léiwen hell’gen Zinnekleeschen an neien Arrangementer fir 5 Männerstëmmen a Piano.

Den neie Chrëschtprogramm hunn d’Jangen op der CD Gloria agesongen.

Dauer: 2h00, mat Paus

Tenéier:
Raymond Majerus, Arend Herold,
Georges Urwald
Bäss:
Carlo Migy, Jean-Marie Kieffer
Piano:
Christophe Nanquette
Arrangementer/Kompositiounen:
Jean-Marie Kieffer, Georges Urwald