07.12.2018
au Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette

Endlech Alaska!

Mat dësem drëtten Deel schléisst de Jay Schiltz seng Alaska-Trilogie mam Monique a mam Marcel of. No den turbulenten éischte Jore vun hirer Pensioun (E Wäibierg an Alaska.) an dem Marcel sengem Ausflug an d'Politik (Wéi wäit nach bis Alaska?), maachen déi zwee am
leschten Deel elo de Bilan vun engem laangen a gemeinsame Liewen. Mee dat geschitt allerdéngs op eng Aart a Weis, déi op dëser Plaz net soll verrode ginn. Och am drëtten Deel sinn d'Monique an de Marcel, wéi ëmmer, fir eng Iwwerraschung gutt. Mat vill Witz a plazeweis schwaarzem Humor, awer och nodenklech, beschreift de Jay Schiltz eng Koppel, déi zu gudder Lescht mat deemjéinege konfrontéiertgëtt, deen op eis alleguer waart.

Dauer: 1h30, keng Paus

Regie:
Claude Mangen
Regieassistenz:
Cristina Kneip
Kostümer:
Sylvie Hamus
Technik:
Jaakes Hoffman, Charel Stoltz

Mat:
Mady Dürrer, Marcel Heintz,
Monique Melsen